Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war den Direkter vum Prisong zu Schraasseg, de Vincent Theis.

Anescht wéi virun e puer Joer ass de Prisong zu Schraasseg net méi iwwerbeluecht. Den Ament sinn knapp 600 Mënschen do agespaart.

Den Direkter vum Prisong, de Vincent Theis schwätzt awer vun enger lokaler Iwwerpopulatioun. Verschidde Gruppe musse getrennt ginn, zum Beispill Männer a Fraen, an da kënnt et scho mol fir, datt an engem Beräich nach Plaz ass en aneren awer iwwerfëllt ass.

An eiser Emissioun Background am Gespréich huet de Vincent Theis och ënnerstrach, datt eng Prisongsstrof an enger Gesellschaft soll d'Ausnahm bleiwen.

Kuerz Prisongsstrofen, dat heescht ënnert engem hallwe Joer sinn iwwregens zu Schraasseg ganz rar an dat ass och gutt sou, seet de Vincent Theis. Sou Strofe géifen nämlech méi futtimaachen, wéi se géifen hëllefen.


An eiser Emissioun Background am Gespréich hu mer dëse Samschdeg mam Vincent Theis, dem Direkter vum Prisong, hannert d'Maueren zu Schraasseg gekuckt. Mat him hu mer awer och iwwert déi typesch Problemer, déi et an engem Prisong ginn an iwwert déi nei Infrastruktur, déi op Suessem kënnt geschwat.

AUDIO: De Background am Gespréich mam Vincent Theis.
VIDEO: De Background am Gespréich mam Vincent Theis.
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.
VIDEO: Background: Vincent Theis iwwert Mineuren a de Prisong
Background: Vincent Theis iwwert Mineuren a de Prisong

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.