Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war de fréiere Premier Jacques Santer.

E Sonnde sinn hei am Land d'Europawahlen: De viregte Staatsminister Jean-Claude Juncker wëll dono President vun der EU-Kommissioun zu Bréissel ginn. Wéi gesi seng Chancen aus, op wat muss een op deem Posten oppassen a gëtt Europa, och am Grand-Duché, nach als eppes Positives ugesinn? Ë.a. doriwwer hu mer dës Woch mam Jacques Santer, fréiere Premier an Ex-EU-Kommissiounspresident, diskutéiert.

AUDIO: Background am Gespréich mam Jacques Santer
Radio - Background am Gespréich mam Jacques Santer
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken. D'Emissioun vum 24. Mee 2014.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.

RTL

© Alain Lamesch