Alex Bodry

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war den LSAP Fraktiounschef Alex Bodry.
D'LSAP huet an Europawahlen ëmmer liicht méi schlecht ofgeschnidde wéi an Nationalwahlen, dat ass een Deel vun der Analys, déi den Alex Bodry vun den Europawahlen de leschte Sonndeg mécht. Donieft hätt ee keen Député-Sortant gehat an den Ersatz wier net opgebaut ginn. 45.000 Eenzelstëmmen hu gefeelt, sou den Alex Bodry.
Et hätt ee Stëmmen op e puer Borde verluer an dat géif et sou schwéier maachen op d'Evolutioune aus de leschte Joren ze réagéieren, sou den Alex Bodry. D'LSAP misst un hirer Identitéit schaffen an d'Kommunikatioun no bannen an no bausse verbesseren.
Den Alex Bodry huet och annoncéiert, dass hien am Laf vum nächste Joer als Buergermeeschter vun Diddeleng ophält. Background am Gespréich mam Alex Bodry, e Samschdeg tëscht 12 an 1 op RTL Radio Lëtzebuerg.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.