Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war d'Isabelle Schlesser.

Si ass ee schwéiert Ierwen ugetrueden, wéi se am Abrëll 2013 Directrice vun der ADEM gouf.

Dëse Samschdeg hu mer an der Emissioun Background am Gespréich mat der Isabelle Schlesser iwwert d'Erausfuerderunge geschwat, virun deenen d'Agence pour le développement de l'emploi steet.

Enn Abrëll woren iwwer 18.000 Leit op der Sich no enger Aarbecht, dat woren der iwwer 1.400 méi wéi déi selwecht Zäit zejoert, de Chômagetaux loung bei 7%. Den Aarbechtsminister an déi Responsabel vun der ADEM hunn sech vill virgeholl fir d'Zukunft. D'Servicer sollen de reelle Besoinen ugepasst a personaliséiert ginn, déi intern Organisatioun gëtt komplett iwwerschafft an no bausse soll d'ADEM een neien Image a méi Visibilitéit kréien. Defise sinn deemno grouss.

D'ADEM schaaft keng Aarbechtsplaze, mä probéiert déi betraffe Leit, déi keng Aarbecht hunn, richteg ze vermëttelen an ze orientéieren. D'Erausfuerderungen si grouss. Och wann aktuell iwwer 18.000 Persoune beim Aarbechtsamt ageschriwwe sinn, dierft een op kee Fall d'Bengele bei Tromm geheien. D'Isabelle Schlesser leet vill Hoffnungen an d'Jugendgarantie. Eng Recommandatioun vun der EU, déi festhält, dass Jonker ënner 25 Joer bannent 4 Méint eng Aarbecht oder Formatioun vun der ADEM vermëttelt kréien. Hei zu Lëtzebuerg gëtt d'Jugendgarantie de 26. Juni lancéiert.

AUDIO: D'Isabelle Schlesser (cut 10h)

Zanter Méint gëtt un dësem Projet geschafft. Et wier eng ganz positiv Zesummenaarbecht, sou Directrice vun der ADEM. Wat den Term „Jugendgarantie“ betrëfft, fënnt d'Isabelle Schlesser dësen awer net ganz glécklech gewielt. Et wier nämlech keng „Jobgarantie“. Dee Jonke wier nach ëmmer selwer dofir zoustänneg seng Zukunft an de Grëff ze huelen, d'ADEM géif hie just dobäi ënnerstëtzen an sech dofir engagéieren eng Plaz z'offréieren.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.

AUDIO: Background am Gespréich mam Isabelle Schlesser
Radio - Background
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.