Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war de President vun der Fedil.

De President vun der Fedil seet sech nach net grad iwwerzeegt vun den éischte 6 Méint Regierungsaarbecht vu Gambia.

Allgemeng begréisst de President vun der Industriellefederatioun, datt d'Regierung de Staatsbudget nees wéilt an d'Gläichgewiicht kréien. Net averstanen ass de Robert Dennewald, datt manner Sue via d'Investitiounsfongen an d'Zirkulatioun bruecht ginn, well déi Suen dann an der Economie feelen.
D'Fedil huet der Regierung net méi spéit wéi e Freideg e Pabeier zoukomme gelooss, fir all Joer 300 Milliounen ze spueren, dorënner de statut unique, wou den abusiven Absenteismus op der Aarbechtsplaz nach ëmmer net am Grëff wier.

De Robert Dennewald huet sougenannte Karenzdeeg an d'Gespréich bruecht fir dem Phänomen "Blo maachen" op der Aarbecht entgéint ze wierken.

Aner Méiglechkeet, fir Suen ze spueren: eng Indextranche fale loossen.

AUDIO: Background am Gespréich mam Robert Dennewald

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.