Maggy Nagel

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war d'Logement- a Kulturministesch.
D'Conenventiounen am Kulturberäich waren de Mëtten ee Sujet an eiser Emissioun Background am Gespréich mat der Ministesch Maggy Nagel.
Déi Conventiounen gi jo elo nom Summer gekënnegt an nei ausgeschafft.
Eppes wat nei ass, ass datt se duerno iwwert puer Joer lafen, wéi d'Maggy Nagel sot.
Da war RTL zu Ouere komm, datt et am subventionéierte Secteur Problemer mat der Ausbezuelung vun de Salaire gouf, eppes wat d'Ministesch awer net direkt konnt confirméieren.
Eng hallef Stonn no der Emissioun, huet den éischte Conseiller de Gouvernement am Kulturministère awer fir Kloerheet gesuergt an explizéiert, datt de feux Vert fir d'Liberatioun vum Budget eréischt den 12ten oder 13te Mee koum, an datt verschidde Leit, déi hir Paie vum Juni -zum Beispill de 15te Mee- sollte kréien, dowéinst méi laang hu misste waarden, well d'Prozeduren ier sou eng Paie ausbezuelt ginn, dach relativ komplizéiert sinn.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.