Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war de Raymond Schadeck.

5 vir 12 hat sech virun de Chamberwahlen als Denkfabrik an d'Gespréich bruecht mat Pisten déi dem Land aus der Kris sollen hëllefen.

Ee vun de Memberen ass de Raymond Schadeck eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich.

Mat him hu mir gekuckt, wou de Schung nach dréckt, respektiv wou ee mat der neier Regierung manner dréckt. Stéchwierder sinn d'Hausse vun der TVA, sozial Transferten, den Index, d'Omnibusgesetz, d'Studiebäihëllefen, Jugendchômage, formation professionnelle, oder nach de Referendum.

Radio - Background
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.
AUDIO: Background

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.