Camille Gira

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war de Camille Gira.
Lëtzebuerg besser plangen, ökologesch Reformen op de Wee bréngen a Wunnen, Transport an Ëmweltschutz op ee Nenner bréngen. D'Enjeuen fir déi gréng Regierungsmemberen sinn grouss.
Wéi de Staatssekretär Camille Gira de Mëtteg an der Emissioun Background sot, misst d'Land anescht geplangt ginn, den Auto dierft net méi alles dominéieren.
An Zukunft sollt dann och nach just Wunnraum do entstoen, wou et och regional, zentral Uertschaften sinn, där sinn der 43 am Moment ausgewisen. Ländlech Gemengen sollten méi lues wuessen mat engem Siidlung-Schwéierpunkt.
Zum Beispill zu Konter a Leideleng hätte sech Wunnen a Schaffen auserneen dividéiert, sou de Camille Gira, fir deen ee misst de Verbrauch vu Flächen limitéieren.
Stéchwuert Steierreform no ëffentlechen Kritären, do ginn eng Partie Steieren ënnert d'Lupp geholl. Grad no onekologesche Subside soll gesicht ginn. Eng Steierreform bedeit net nëmmen, datt nei Steieren agefouert ginn, mä dat een och net méi zäitgeméiss Subside ewech fale léisst. Sou muss een sech zum Beispill froen, op d'Erweiderung vun de Gasleitungen zu Lëtzebuerg nach Sënn mecht, seet de Camille Gira.
Elo nees zäitgeméiss soll iwwerdeem ee neien Plang fir Héichwaasser-Zonen sinn, deen nei publizéiert gëtt.
Fir de Camille Gira huet och d'Demarche changéiert. Et kënnt eng nei Generatioun vun Geforekaarten, déi zwar scho wéisst, wou d'Waasser soll hilafen, wann mer nees eng grouss Iwwerschwemmung kréien. Grad de Bausecteur ass dovunner betraff a sou muss een, wann een an engem gelëschte Gebitt well bauen, noweise kënnen, datt kengem doduerch e Schued entsteet, resp. datt een alles ënnerholl huet, fir dem Waasser eng aner Méiglechkeet ze ginn fir auszewäichen.
Beim Waasserwirtschaftsamt ginn iwwerdeem nei Leit agestallt, sou de Camille Gira, fir deen et elo an der Nordstad wichteg ass, een Deblokage ze kréien, wat d'Bauen ronderëm Héichwaasser-Zonen ugeet; eng Reunioun an de Nordstad-Gemengen ass den 18. Juli.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.