Etienne Schneider

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war den Etienne Schneider.
Wirtschaftsminister, zoustänneg fir den Tourismus, de Mëttelstand, d'Energie, dei bannescht Sécherheet an d'Police an d'Arméi.... alles dat ass den Etienne Schneider. Den LSAP-Politiker war dëse Samschdeg eisen Invité fir de leschte Background vun der Saison.
Hie sot ënnert anerem, dass et zu Ännerungen an der Familljepolitik kënnt, zum Beispill wat d'Kannergeld betrëfft. Och soll d'Betreiung vun de de klenge Kanner ausgebaut ginn a gratis ginn. Et géifen eng Rei Iddie ginn, déi d'Familljeministesch demnächst géif presentéieren.
E politeschen No-Go ass dem Etienne Schneider no, awer zum Beispill datt den 13. Mount bei de Pensiounen ofgeschaf gëtt. Déi eenzel Pisten solle lo iwwert de Summer finaliséiert ze ginn, fir da wéi gesot am Hierscht presentéiert ze ginn.
Steieren sollen iwwerdeems net an d'Lut goen, mä d'Steierlandschaft méi gerecht ginn, sou den Etienne Schneider virun. D'Reforme géifen sech am Kader vun den aktuelle Steierrecetten ofspillen, d'Steierlaascht soll méi gerecht verdeelt ginn. Fir 2015 wiere jiddwerfalls nach keng Changementer virgesinn, mä vum 1. Januar 2017 soll eng Steierreform a Kraaft trieden.
Eng Rei Mesuren déi am September decidéiert gi solle vum nächste Joer u gräifen, anerer méi spéit, generell wier et awer esou, dass d'Steiermesuren, déi diskutéiert goufen, iwwert déi nächst Joeren evaluéiert ginn.
Glat a guer net domadder averstan ass de Wirtschaftsminister mat der Positioun vum Patronat beim Index. D'UEL hätt hei een denkbar schlechten Ufank gemaach, sou den Etienne Schneider.
D'Regierung wier gewielt ginn fir Decisiounen ze huelen. Da géif se maachen, wa méiglech am Dialog mat de Sozialpartner, a wann net, dann ouni se, sou de Wirtschaftsminister am Background op RTL Radio Lëtzebuerg.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.