Invité am "Background am Gespréich" ass den CSV-President an Député-Maire vu Käerjeng Michel Wolter.

Themen dierften - ënnert villen aneren - d'Trennung vun de Mandater, d'Gemengefusiounen an d'Spuermesurë vun der CSV an der Regierungskoalitioun sinn.

Haiti ass natierlech och e Sujet am "Background am Gespréich".

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren.