D'LSAP misst den "A" aus dem Numm sträichen, sou de Robert Goebbels e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.

Um Samschdeg, 13. September 2014 war de Robert Goebbels Invité an der Emissioun "Background am Gespréich" vu Radio Lëtzebuerg.

AUDIO: De Robert Goebbels am Background: Resumé vum Guy Kaiser

Verschidden Illusiounen soll d'LSAP fale loossen, sot e Samschdeg an der Mëttesstonn de fréiere sozialistesche Minister an Europadeputéierten Robert Goebbels.

Déi sozialistesch Aarbechterpartei gesäit sech a 14 Deeg fir hir sougenannte Summerakademie, wou soll eng nei Strategie fir déi nächst Joer ugeschwat ginn.

De Robert Goebbels ass der Meenung, de Buschtaf "A" am Logo vun der Partei sollt gestrach ginn. Et misst een d'Realitéit vu Lëtzebuerg kucken a feststellen, dass kaum nach e Lëtzebuerger am Aarbechterverhältnis wier. Souwisou hätt een haut eng Salariatschamber, wou se alleguerten ënnert dem selwechten Hutt lafen. Déi déi wierklech nach als Aarbechter hei am Land beschäftegt sinn, wiere gréisstendeels Frontalieren, Portugisen oder Immigranten, déi net wiele ginn an dofir d'LSAP och net stäerke kéinten.

AUDIO: De Robert Goebbels (1)

D'Zäiten vum Aarbechterkult wieren dofir eriwwer, an dat hätten och Konkurrenzparteien erkannt, wéi z.B. déi Lénk, déi sech net Aarbechterpartei nennen, mä eben "Déi Lénk". D'LSAP wier gutt beroden, sech als modern Lénkspartei duerzestellen, an dofir bréicht ee keen Aarbechterkult ze maachen.

AUDIO: De Robert Goebbels (2)

A 14 Deeg geet de Robert Goebbels selwer net op d'Summerakademie. Säi Message un d'LSAP war via Radio Lëtzebuerg deen, dass et queesch duerch Europa e grousse Problem gëtt an de sozialistesche Parteien. Et ass eng extrem lénks Konkurrenz do, och wann déi Lénk ausser Sloganen näischt ze bidden hunn, géif dat awer an de sozialistesche Parteien en Drock schafen, eng lénks Politik ze maachen. Wann een dann awer freet, wat se dovunner verstinn, da kéim net vill, ausser dass ee misst kéint d'Austeritéit sinn. De Robert Goebbels betount, dass ee sécher géint d'Austeritéit misst sinn, mä de Problem queesch duerch Europa wier iwwerall de selwechten, all d'Regierunge vun alle Faarwen hunn zevill Suen ausginn!

AUDIO: De Robert Goebbels (3)

De Robert Goebbels bleift senger Ligne als Realsozialist trei. Eng Spuerpolitik maachen, ouni an d'Austeritéit ze verfalen.
D'Gefor vun engem grousse Krich wéinst der Ukrain gesäit hien als reell.

Sanktioune géingen näischt bréngen, et misst een nees matenaner an d'Gespréich kommen, an do huet hie gewëssen Hoffnungen an der Persoun vum Jean-Claude Juncker. Den neie President vun der europäescher Kommissioun hätt ëmmer e gutt Verhältnis zum Putin gehat.

AUDIO: Background
Radio - Background am Gespréich mam Robert Goebbels
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video).Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.