Wéi erlieft de Claude Meisch säi Ressort, wat huet e wëlles, wou leien d'Prioritéiten?

D'Schoul huet nees ugefaangen an den Educatiounsminister Claude Meisch war e Samschdeg den 20. September eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich.

D'Kannerbetreiung an d'Schoul solle méi enk matenee verbonne an d'Kannerbetreiung soll besser genotzt ginn, fir op d'Schoul ze preparéieren...den Educatiounsminister Claude Meisch war e Samschdeg de Mëtteg den Invité an der Emissioun Background am Gespréich. D'Betreiungsstrukturen an d'Kritik vu munche Säiten, datt de Kanner deels ze vill zougemutt gëtt an Elteren net méi genuch no hire Kanner kucken, war ee Sujet. Den Dagesoflaf vu verschiddene Kanner wär sécherlech problematesch an dat kéint nei Problemer an der Schoul mat sech bréngen, sot de Claude Meisch, an de Mënsch an d'Kanner scho guer net wären net gemaach fir roueg ze sëtzen...

AUDIO: Claude Meisch 1

Déi ganz Regierung wär och gefuerdert, fir der Verännerung an der Gesellschaft kënne Rechnung ze droen. D'Patronat muss zum Beispill och matagebonne ginn, wann et heescht Aarbecht a Famill ënnert een Hutt ze kréien...

AUDIO: Claude Meisch 2
AUDIO: Background
VIDEO: Radio - Backround
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.