François Bausch

Themen ënnert anerem: D'Kontributioun fir Kannerbetreiung, Referendumen, den Tram an d'Plans sectoriels.
Hien ass zënter bal 30 Joer Member bei de Gréngen, souz iwwer 20 Joer an der Chamber, iwwer eng Dose Joer Stater Kommunalpolitik an zënter 9 Méint Minister. Dat ass de politesche Parcours vun eisem Invité e Samschdeg an der Emissioun "Background am Gespréich".
Setzt d'Regierung méi op Kommunikatioun wéi richtegen Dialog, kritt se de Sozialdialog relancéiert, wéi soll dat goen mat der Kontributioun fir Kannerbetreiung? Dat si just e puer Froen nieft Stéchwierder wéi Referendumen, Tram, d'Plans sectoriels etc.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.