30. Januar 2010: Lucien Thiel

Invité am "Background am Gespréich" ass den CSV-Deputéierten a Budgetsrapporter Lucien Thiel. Thema ass - natierlech - d'Kris ...
D'Kris ass nach net erlaanscht. Wéi kann, soll, muss d'Land sech verhalen, fir esou gutt wéi méigelech derduerch ze kommen? Mam Lucien Thiel diskutéiere mir déi verschidde Pisten: De Staat tëscht investéieren a spueren - a wou bleift déi sozial Gerechtegkeet?
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren.
Am meeschte gelies