Luc Frieden

Hie gouf laang Joeren als de Successeur vum Jean-Claude Juncker gehandelt; hie wor Finanz- a Budgetsminister wéi och Justiz- a Verdeedegungsminister.
De Luc Frieden ass net enttäuscht, dass hien net méi Minister ass. Hie wier ouni Zweiwel nach gären an der Regierung, sot de fréieren CSV-Politiker um Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich, mä et misst een och mat neie Situatiounen am Liewen eens ginn. Zanter 3 Wochen ass de Luc Frieden Vice-Chairman bei der Deutsche Bank AG. An der Oppositioun huet sech de fréiere Minister, no 15 Joer an der Regierung, nëmme ganz schlecht gesinn. Awer och de Wiessel an d'Privatwirtschaft ass him am Ufank net ganz einfach gefall.
Dat lescht annerhalleft Joer wor fir de fréieren CSV net ëmmer einfach, wéi hien um Samschdeg de Mëtteg selwer sot. Et wor ee Moment wou vill beienee koum a wat dacks haart an onfair wor.
Et wier keng agreabel Zäit gewiescht, sou nach de Luc Frieden, dee selwer seet dass hie vläicht ze vill defensiv wor an haut a verschiddene Punkte méi offensiv géif reagéieren.
Wat dem fréiere Minister seng Partei d'CSV betrëfft, sot hien, dass si hir Plaz an der Oppositioun fonnt huet, wat am Ufank net einfach wor. Si muss allerdéngs ee Projet fir d'Land ausschaffen, fir dass d'Leit gesi wat d'CSV géif maache wa si um Rudder wier.
D'Fro, ob de Luc Frieden nach eemol zeréck op déi politesch Bühn kënnt, wollt hien net kommentéieren, et dierft ee jiddwerfalls ni Ni soen, an et wéisst een net wat a 4-5 Joer ass, sou nach den Luc Frieden, dee lo mol mat ganzer Energie säin neien Defis bei der Deutsche Bank wëll ugoen.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.