Déi vill diskutéiert Plans Sectoriels sinn nëmmen ee vun de ville kniwwelegen Dossieren, déi den Inneminister, um Dësch leien huet.

Gemengefusiounen, d'Plange vun de nationale Rettung-Servicer, d'Reform vun de Gemengefinanzen an d'Simplification Administrative, sinn aner Themefelder, déi den Dan Kersch ze léisen huet.

AUDIO: Background
Radio - Background
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Hien ass eisen Invité dës Woch am Background e Samschdeg wéi gewinnt tëscht 12 an 13 Auer.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 23 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.