Dës Woch war eng politesch - mat der Declaratioun vum Staatsminister zum Zukunftspak an dem Depôt vum Budget 2015.

E Samschdeg si mer nach eemol op d’Argumenter vu Majoritéit an Oppositioun agaangen.

Radio - Background: Face-à-face Bettel-Wiseler (Deel 1)
Moderatioun: Max Theis
VIDEO: Radio - Background: Face-à-face Bettel-Wiseler (Deel 2)
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Am Studio souze sech de Premier Xavier Bettel an den Oppositiounsleader Claude Wiseler géintiwwer.

VIDEO: Face-à-face Xavier Bettel - Claude Wiseler (Resumé)
Background am Gespréich op RTL Radio Lëtzebuerg an op RTL.lu

Béid ware sech a ville Saachen net eens. Zum Beispill beim Zil, wat d’Regierung sech gesat huet, fir d’Scholden ofzebauen, de Budget nees a Richtung Equiliber ze bréngen an dofir ze suergen, dass d’Betriber konkurrenzfäeg bleiwen. De Claude Wiseler mengt, datt een dowéinst awer eng Politik maache muss, déi deenen Ziler entsprécht. An net 2/3 Steiererhéijungen an 1/3 Spuermoossnamen.

AUDIO: Claude Wiseler Background 18.10.2014

De Premier Xavier Bettel huet ënnerstrach, dass en op Propositioune vun der Oppositioun waart an doch den Dialog offréiert. Et geet drëms, d'Land op déi Richteg Schinn ze kréien. Dofir erhofft sech de Premier awer och, datt gutt Virschléi vun der Oppositioun kommen, déi een nach iwwerhuele kann.

AUDIO: Xavier Bettel Background 18.10.2014

De Claude Wiseler huet CSV-Amendementer annoncéiert a begréisst d’Invitatioun vum Premier. Et hätt een d’Gefill, dass d’Regirung op Iddie waart.

AUDIO: Background 1. Deel
AUDIO: Background 2. Deel

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.