6. Februar 2010: Lucien Lux

Lucien Lux
Invité am "Background am Gespréich" ass de sozialistesche Fraktiounschef Lucien Lux. Thema ass virun allem d'Tripartite.
Déi éischt Ronn vun de Beichtstullgespréicher beim Staatsminister en vue vun der Tripartite ass eriwwer. An elo?
Wat seet de klenge Koalitiounspartner? Wéi a wéini muss d'Chamber agebonne ginn? Ginn d'Differenzen tëscht CSV an LSAP elo eréischt offensichtlech? Kritt d'LSAP an deene wichtege Méint déi kommen och Drock vum OGB-L?
Dat ware Froen un de sozialistesche Fraktiounschef Lucien Lux.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren.