Iwwert déi annoncéiert Mesurë vun der Regierung
Invité um Samschdeg war den Direkter vum Comité National de la Défense Sociale, fir iwwert déi annoncéiert Mesurë vun der Regierung ze schwätzen.
Zanter dass d'Regierung de Spuerpak annoncéiert huet, ginn d'Meenunge beim Lëtzebuerger Vollek auserneen. Et gëtt dacks vun engem sozial ongerechte Pak geschwat, d'Leit kréiche vill Acquisen ewech geholl.
Am Background hu mer mam Direkter vum Comité National de la Défense Sociale iwwert déi annoncéiert Mesurë geschwat.
Mir hu mam Gilles Rod gekuckt, wéi sozial onst Land wierklech ass, mä och wat konkret um Terrain gemaach gëtt, fir deene Leit ze hëllefen, déi et richteg schwéier hunn an all Mount musse kucken, wéi se iwwert d'Ronne kommen.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.