Spezial Doud

Dëse Samschdeg befaasse mer eis an der Emissioun Background mat engem Thema, wat mer gär wäit ewech vun eis drécken: Den Doud.
An engem Background Spezial proposéiere mer verschidden Temoignagen a Reportagen iwwert d’Thema, d'Trauer an Trauerbewältegung.
Mir schwätzen iwwert d’Plaz vum Doud an eiser Gesellschaft, d’Aarbecht vun Omega 90 an d’Haus Omega, déi alternativ Bäisetzung op engem Bëschkierfecht, déi haart Missioun vum Groupe de support psychologique an den Doud, deen nei Liewe ka ginn, duerch Organspenden.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.