Kanner a Famill

D'Kanner an d'Famill stoungen e Samschden am Mëttelpunkt vun der Emissioun Background am Gespréich.
Et ass vill a kontrovers an der Lescht iwwer d'Familljepolitik diskutéiert ginn, mir hunn de Suivi mam Psycholog Gilbert Pregno am Studio gemaach. Wéi geet et de Kanner? Wéi organiséiere sech d'Famillen? Wéi kritt ee Beruff a Famill ënnert een Hutt? A wéi wierkt dat sech op d'Kanner aus?
Ze Wuert koumen och eng Mamm, déi opgehalen huet mat Schaffen, e Papp, deen nom Congé parental Deelzäit schafft, an e Patron, dee ganz familljefrëndlech denkt.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.