"Lëtzebuerg muss zesumme stoen"
Et waren hefteg zwou Woche fir Lëtzebuerg an d'Regierung.
Lëtzebuerg muss zesumme stoen, sot den Alex Bodry de Samschdeg de Mëtten an der Emissioun Background am Gespréich.
Et giff näischt bréngen eng Ofrechnung mat der Vergaangenheet ze maachen oder sech innepolitesch ze zermaulen. Et kéint ee sech net innepolitesch schwächen. Dat gëllt speziell och fir d'CSV.
Et giff och net drëms goen, een deem aneren d'Schold ze ginn, mä et giff ëm de Fong goen, ëm inhaltlech Froen, wéi ee sech bei de Rulingen fir d'Zukunft misst opstellen.
Op d'Fro, ob de Pierre Gramegna gudde Krisemanagement gemaach hätt, huet den LSAP-Fraktiounschef gekontert, ob dann de Jean-Claude Juncker gutt reagéiert hätt. Deen hätt sech eng Woch laang verstoppt. Ob dat eng besser Haltung wéi déi vun der Regierung gewiescht wier, huet den Alex Bodry gefrot, mä och dat sollt een elo net diskutéieren.
Bei der Pressekonferenz gëschter hätt de Pierre Gramegna sécher e bëssen iwwerreagéiert. Do misst een e bësse Versteesdemech hunn, hien hätt déi ganz Woch iwwer ferm ënner Drock gestanen an hie wär och nëmmen e Mënsch, sou den Alex Bodry.
LIVESTREAM: Hei kënnt Dir RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.