Den zukünftegen OGBL-President war um Samschdeg Invité an der Emissioun Background am Gespréich.

Mam André Roeltgen hu mer ë.a. iwwert d'Gewerkschaftsfront géint d'Regierung, där hiren Zukunftspak a seng Presidence vum Onofhängege Gewerkschaftsbond geschwat.

AUDIO: Background am Gespréich mam André Roeltgen

Den André Roeltgen, zukünftegen OGBL-President, ass dobäi ë.a. op d'Tripartite agaangen a sot dozou, dass den Onofhängege Gewerkschaftsbond, Zitat, „doutsécher keng“ nei 3er-Réunioun fuerdert.

AUDIO: Den André Roeltgen (1)

Den Nach-Generalsekretär vum OGBL hat d'lescht Woch ë.a. geschriwwen, dass d'Gewerkschaft fir e Regierungswiessel war, fir dass der Austeritéitspolitik géif en Enn gesat ginn. Et wär een awer vu Gambia enttäuscht a getäuscht ginn.

AUDIO: Den André Roeltgen (2)

Op d'Fro, ob hien als President vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Verschiddenes anescht maache géif wéi säi Virgänger Jean-Claude Reding oder ob hie sech Kontinuitéit op de Fändel geschriwwen hätt, war et dës Ausso vum André Roeltgen: Fir eng Revolutioun géif et kee Grond!

AUDIO: Den André Roeltgen (3)

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.