Iwwert d'EU-Kommissiounspresidenz
Strammen Ufank fir den neien EU-Kommissiounspresident zu Bréissel. E Samschdeg de Mëtteg war de JCJ Invité an der Emissioun Background am Gespréich.
Invité an der Emissioun Background am Gespréich war den EU Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker:
Ee gudden Deel vun der Emissioun ass et ëm LuxLeaks gaangen: De Jean-Claude Juncker, hat sech virun 10 Deeg an der Affaire als politesch responsabel gesot, schliisslech wier hie jo 20 Joer laang Finanz- a Staatsminister gewiescht, a kéint net maache wéi wann näischt gewiescht wier, dat géif hie mat politescher Responsabilitéit mengen, huet hien notéiert.
Wa sech géif erausstellen, datt bei den Tax Rulinge Saache kromm gelaf waren, da misst awer ëmmer nach gekuckt ginn, op dee politesch Responsablen, och bewosst, an aktiv Illegalitéite provozéiert hat. Vun him, esou de Jean-Claude Juncker géif et keng Direktiven un d'Steierverwaltung ginn, datt se sollt kucken, fir datt déi aner Länner méiglechst mann Steier kréien. D'Regierung hätt hir esou wéi sou keng Direktiven ze ginn.
Wat d'Politik hei am Land ugeet, gesäit de Jean-Claude Juncker d'CSV nach ëmmer als stäerkste Partei, an hie sot sech iwwerzeegt, datt si déi nächst Wahlen haushéich wäert gewannen, an datt de Claude Wiseler e gudde Successeur wier.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.