Invité vum Background am Gespréich war den Thierry Nothum, den Direkter vun der Confederatioun vum Commerce.

Virun enger Woch hu Regierung an déi 3 grouss Gewerkschaften ee Kompromëss a Saache Budget an Zukunftspak fonnt an et war sech gefreet ginn, datt de Sozialdialog nees géif fonctionnéieren.

D'Patronat souz awer net mat um Dësch, wat ee vu senge Vertrieder, den Direkter vun der Handelskonfederatioun, Thierry Nothum e Samschdeg de Mëtteg am Background am Gespréich bedauert huet. D'Patronat kritt seng Bipartite mat der Regierung eréischt den 22ten Dezember. „Mir sinn eis bewosst, datt et dann ze spéit ass, fir nach vill ze änneren un deem wat schonn decidéiert gouf“, sot den Thierry Nothum, deen awer hofft, datt deen Dag Geleeënheet bitt, fir nees zu engem normalen Ëmgang ze kommen.

Den Ament wären déi Relatiounen net déi Allerbescht.

AUDIO: Den Thierry Nothum (1)

Dat Atmosphärescht ass ee Volet deen zweeten dat Inhaltlecht, Sujete géifen et der genuch ginn.

AUDIO: Den Thierry Nothum (2)

Ee vun de Sujeten deen dem Patronat besonnesch um Mo läit, ass dee vun der Mutualitéit vun den Entreprisen, wou de Staat, anescht ewéi ofgemaach, seng Contributioun zeréckschrauft.

Wat d'Hausse vun der TVA ugeet, geet den Thierry Nothum dovun aus, datt nëmmen een Deel vun där Hausse un d'Cliente weider gereecht gëtt. D'Betriber géife se zu engem groussen Deel op hir Margen huelen. Et wär awer och extrem wichteg d'Vertraue vun de Leit ze stäerken, soss giffe si zécke fir ze konsomméieren.

AUDIO: Background am Gespréich mam Thierry Nothum

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.