Aarmut am räiche Lëtzebuerg
Invitée vum Background am Gespréich war d'Presidentin vun der Caritas d'Marie-Josée Jacobs.
D'Aarmut am räiche Lëtzebuerg, d'sozial Froen, déi aarm Familljen respektiv Flüchtlingen oder Immigranten uginn, d'Hëllef a Solidaritéit mat de Länner am Süden – all dës Theme stinn am Mëttelpunkt vun der Aarbecht vun der aktueller Caritaspresidentin Marie-Josée Jacobs.
No 20 Joer als CSV-Ministesch an der Regierung aktiv, huet sech déi aangjäreg Norddeputéiert eng nei Vocatioun gesicht a bei der Caritas fonnt.
Mir hunn e Samschdeg mat der fréier Familljen- a Kooperatiounsministesch iwwert d'aktuell Familljepolitik, d'sozial Orientatiounen vun der Dräierkoalitioun an natierlech d'Aufgabe vun der Caritas geschwat.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.