Invité am "Background am Gespréich" ass Paschtouer Edmond Ries. Een Thema ass ë.a. di sëlleche Fäll vu Mëssbrauch an der irescher Kierch.

Mir schwätze mam Paschtouer aus dem Parverband Fréiseng iwwert säi ganz spezielle Stil, seng Meenung zu rezenten Entwécklungen an der Kierch, wéi zum Beispill déi sëlleche Fäll vu Mëssbrauch an der irescher Kierch, wat ass säi Point de Vue a Saachen Avortement a wéi hëllefen Theaterspillen an seng Passioun zum Football dem Eddes, wéi e vu ville Leit genannt gëtt, fir am Alldag kënnen ofzeschalten? Äntwerten op déi Froe ginn et dëse Samschdeg am Gespréich mam Edmond Ries.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren.