Luxleaks
Invité vum leschte Background am Gespréich fir 2014 war de Staatsminister.
D'Affär Luxleaks wor ee vun de Sujeten. De Staatsminister huet betount, dass ee méi Kloerheet a Saache Rulingen wëll an eng gesetzlech Basis. Hien huet awer op e neits ervir gestrach, dass des Praxis net verbueden ass, et hätt een och net wëlles Rulingen ofzeschafen.
D'Vertrauen an d'Regierung wor och een Thema. De Xavier Bettel sot, dass et wichteg ass an den nächste Méint genee ze erklären firwat verschidde Mesure getraff goufen. Et géif sech jiddwerfalls ëm een Ensemble vu Mesuren handelen fir d'Land ze moderniséieren.
Wat donieft de Referendum d'nächst Joer am Juni betrëfft, huet de Staatsminister betount, dass et et wichteg ass, dass et een ëffentlechen Debat gëtt.
D'Onzefriddenheet bei den Enseignanten wor och ee Sujet. Déi jonk Leit dierften op kee Fall als Geisel geholl, sou de Xavier Bettel. Hie wier awer iwwerzeegt, dass eng Léisung fonnt gëtt an dass d'Bild dat dobausse vun Enseignant zirkuléiert, net richteg ass.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.