Invitéë vum Background am Gespréich waren de Paul Ewen vu Luxembourg Patrimoine an den Anicet Schmit vun de Lampertsbierger Geschichtsfrënn.

Aktuell gëtt un engem neien Denkmalschutzgesetz geschafft. De Patrimoine hei am Land soll ee méi héije Stellewäert kréien. Organisatiounen, déi sech fir den Denkmalschutz asetze kritiséieren, dass regelméisseg Haiser a Gebaier ofgerappt ginn, déi et derwäert wiere geschützt ze ginn. Mä wéi steet et eigentlech ëm de Patrimoine? Wéi funktionéieren d'Mechanismen, wien hëlt um Enn Decisioun wat klasséiert gëtt a wat net? Op déi Froe goufen et dëse Samschdeg Äntwerten, an der Emissioun Background am Gespréich.

Eis Invitéë waren de Paul Ewen vu Luxembourg Patrimoine an den Anicet Schmit vun de Lampertsbierger Geschichtsfrënn.

AUDIO: Background

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.