Invité vum éischte Background am Gespréich 2015 waren d'Ministeren Etienne Schneider a Felix Braz souwéi de Soziolog Fernand Fehlen.

„D'Gefor vun Terrorismus ass lo net méi grouss wéi dat virun den Attentater zu Paräis de Fall wor.“ Dat sot den Etienne Schneider, Minister fir bannenzegst Sécherheet, um Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich. Hien huet nach eemol betount, dass et keng spezifesch Menacë géint Lëtzebuerg an dem dote Kader ginn.

Eng Analyse hätt och erginn, dass eist d'Land relativ wéineg Ugrëffsfläch gëtt, weder wat déi politesch Akteure betreffen nach d'Medien. Mä och wann d'Menace limitéiert wier, gëllt eng „vigilance accrue“. Besonnesch en Vue vun der EU-Presidence, déi Lëtzebuerg an der zweeter Halschent vun dësem Joer iwwerhëlt. Dat huet eng Evaluatioun erginn, déi den Anti-Terror-Grupp, d'Police an de Geheimdéngscht gemaach hunn.

Weider huet de Minister Schneider betount, dass d'Cooperatioun mat de franséischen Autoritéiten déi lescht Deeg iwwer exemplaresch wor an ee permanent iwwert d'Situatioun informéiert gi wier.

Aktuell zielt déi moslemesch Populatioun hei am Land ronn 18.000 Gleeweger. Dat wieren alles friddlech Leit, sou den Etienne Schneider, dee betount huet, dass et zwou Handvoll Leit géife ginn, wou ee Risiko besteet, dass si sech kéinte radikaliséieren. 6 hätten dat gemaach a wieren a Syrien gaangen. Dës Leit gi permanent suivéiert an et géif alles gemaach ginn, fir se vun hiren Intentiounen ofzebréngen. Allerdéngs wieren d'Moyenen zimlech limitéiert, d'Leit dovun ofzehalen, fir a Syrien ze reesen, sou nach den Etienne Schneider.

An dem Sënn huet de Justizminister Felix Braz eng Rei Gesetzesprojeten deposéiert, fir dëser Entwécklung entgéint ze wierken.

Terrorattacke kënnen ni ausgeschloss, ginn sou nach den Etienne Schneider. Hien huet an dem Sënn nach eemol drop higewisen, dass de Geheimdéngscht verstäerkt gëtt, fir speziell op deem Thema kënne méi intensiv ze schaffen, dobäi kënnt d'Anti-Terror-Unitéit vun der Police, déi gutt forméiert an equipéiert ass, souwéi den Haut Commissariat à la Protection Nationale, den d'Koordinatioun tëscht deene verschiddenen Unitéiten organiséiert.

Aktuell gëtt lo nach gekuckt, wéi ee sech am Eeschtfall organiséiert, wann ee Manktem u Leit wier, z.B. bei der Police. Dee Moment kéint op d'Arméi zeréckgegraff ginn, fir d'Land ze securiséieren, sou nach de Minister fir bannenzegst Sécherheet. Aarbechtsgruppe sinn amgaangen dorunner ze schaffen.

Wat lo d'Zukunft betrëfft sot de Justizminister Felix Braz, dass déi gesellschaftlech Eenheet elo net duerf op d'Spill gesat ginn. Am Géigendeel si misst gestäerkt ginn. Et kéint een net einfach soen, dass et weider geet wéi bis elo. Déi schrecklech Evenementer géifen einfach ze déif an de Käpp sëtzen.

Et wor dann nach den Appel vum Minister fir déi bannenzegst Sécherheet un déi moslemesch Communautéit, massiv opzetrieden, fir kloer ze maachen, dass dat wat geschitt, net am Numm vun hirer Relioun geschitt. Si misst ee kloert Zeeche setzen, och vis-à-vis vun de Bierger an Europa, dass den Islam, dat wat lo zu Paräis geschitt ass, ganz kloer verdaamt.

De Justizminister huet iwwerdeems den Opruff gemaach, en nächste Mëttwoch d'Zeitung Charlie Hebdo ze kafen. Dee Moment kënnt jo eng Oplag vun enger Millioun Exemplairen eraus. Soss woren et an der Moyenne 60.000. Och iwwert dee Wee kéint een ee wichtegt Zeeche setzen, „de Charlie ass net dout“ och wann déi Kriminell dat domadder hätte wollten erreechen.

Fir den Etienne Schneider ass d'Ironie vum Schicksal, dass Radikaler eng Zeitung wollten ëmbréngen a schlussendlech an enger Imprimerie gestuerwe sinn. Besonnesch opreegen deet hien awer de Fait, dass déi tragesch Evenementer zu Paräis Waasser op d'Mille sinn enger Rei Mouvementer wéi Pegida an Däitschland oder de Front National a Frankräich sinn, déi d'Attacken zu hire Gonschte géifen ausnotzen

Nieft dem Etienne Schneider woren och de Justizminister Felix Braz an de Soziolog Fernand Fehlen Invité an der Emissioun Background.

AUDIO: Background Spezial "Charlie Hebdo" a Pegida.
VIDEO: Lëtzebuerg: d'Terror-Menace wier limitéiert.
An awer gëllt eng 'vigilance accrue.' Invité vum RTL-Background waren d'Ministeren Etienne Schneider a Felix Braz souwéi de Soziolog Fernand Fehlen.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.