Invité am "Background am Gespréich" ass den Aarbechtsminister Nicolas Schmit.

De Chômage zu Lëtzebuerg, 15137 Leit op der Sich no enger Schaff, de Wäert vun de Beschäftegungsmesuren a vun der Kuerzaarbecht, d'Bedeitung vun der Sproch um Aarbechtsmaart, d'Aarbechtslosegkeet am Finanzsektor an d'Brauerei Dikrech, ënnert anerem doriwwer schwätze mer dëse Samschdeg an eiser Emissioun Background am Gespréich mam Aarbechtsminister Nicolas Schmit.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren