Congés exceptionnels
Invité vum Background am Gespréich war d'Corinne Cahen.
Wann et der Familljeministesch nogeet, solle Männer an Zukunft eng Woch amplaz 2 Deeg Congé kréien, wa se Papp ginn. Parallel géif den exzeptionelle Congé wann ee gepacst oder bestuet gëtt vu 6 op 2 erofgoen, dat sot d'Corinne Cahen um Samschdeg bei eis an der Emissioun Background am Gespréich. Hirer Meenung no wier et och am Interêt vun de Patronen, déi Deeg ëmzetesselen.
Eng Reform vun dëse „Congés exceptionnels“ steet och, ouni Präzisiounen allerdéngs, am Accord, deen d’Regierung dës Woch mat der UEL fonnt huet.
An engems huet d'Corinne Cahen och an der Emissioun Changementer bei den 2 Deeg Congé pro Joer an Aussiicht gestallt, déi een als Elteren ze gutt huet, wann d'Kand krank ass. Der Ministesch schwieft hei e Modell vun 30 Deeg vir, deen d'Elteren andeele kënnen, wéi si et brauchen. Grad wann d'Kanner kleng wieren, géifen zwee Deeg am Joer net duergoen.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.