Iwwert d'Zukunft vun der CSV
Invité vum Background am Gespréich war dee bei Wäitem jéngste Member vun der CSV-Fraktioun um Krautmaart, de Serge Wilmes.
Wéi soll d'Zukunft vun der chrëschtlech-sozialer Vollekspartei ausgesinn? Dat hu mer e Samschdeg am Background am Gespréich de Serge Wilmes gefrot. Hien ass ee vun den Auteure vum Buch "C wéi Choix" wat de sougenannten 3-Kinneksgrupp erausginn huet. Et geet ëm d'Oppositiounsroll an d'Chance, fir sech an där Phas ze erneieren.
Nodeems d’CSV sech beweegt huet wat d’Gehälter vun de Paschtéier an der Verfassung betrëfft, hoffen Deeler vun der Regierung, dass et och Beweegung gëtt wat d’Fro vum Auslännerwahlrecht ugeet. Am Background am Gespréich hu mer d’Fro un den CSV-Deputéierte Serge Wilmes gestallt. Hie sot, dass den Nationalrot vu senger Partei den 9te Februar beienee kënnt, fir déi Fro ze diskutéieren. Et misst ee sech froen wat een ënner Natioun versteet, ob dat méi een oppene Begrëff ass, oder ee restriktiven, sou de Serge Wilmes. Dobäi kéim d’Fro wat eis iwwerhaapt zesummenhält. Et wier héich Zäit dass esou Diskussiounen, en vue vum Referendum, undiscutéiert ginn.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.