Invité vum Background am Gespréich war dëse Samschdeg de President vun der LSAP.

Wéi wëllen d'Sozialisten d'Eegestännegkeet vun der Partei an enger 3er-Koalitioun ënnersträichen an de Profil schäerfen? Wéi eng Zukunft hunn heiheem sougenannte Volleksparteien? Wéi wëll d'LSAP sech intern reforméieren?

Dorëm goung et dëse Samschdeg an eiser Emissioun "Background am Gespréich" mam President vun der LSAP.

Mam Claude Haagen hu mir och geschwat iwwer d'Trennung vu Kierch a Staat, d'Auslännerwahlrecht an de Referendum allgemeng.

AUDIO: 31/01/2015 Background am Gespréich mam Claude Haagen

Et goung also ëm d'Reform bannent der Partei, d'Trennung vu Kierch a Staat an natierlech d'Auslännerwahlrecht. Dee Sujet hat sech d'LSAP ganz uewen op de Fändel geschriwwen. Wann een Auslännerwahlrecht seet, muss een duerno net och logescherweis fir déi Leit d'Fonction publique ganz opmaachen? Et wier op laang Siicht eng logesch Suite, sou de Claude Hagen.

A Saache Steierreform huet den LSAP-President ënnerstrach, dass déi kleng Leit net méi belaascht wäerte ginn.

Eng Hausse vum Spëtzesteiersaz bei Gehälter vun iwwer 200.000 Euro d'Joer wäert dergéint kommen, sou de Claude Haagen.

--> Wéinst engem technesche Problem hu mer just den 2. Deel vun der Emissioun am Video. Mir bieden ëm Versteesdemech.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.