Invité am "Background am Gespréich" vun RTL Radio Lëtzebuerg ass de Michel Wurth, de President vun der "Union des Entreprises Luxembourgeoises" (UEL).

De President vun der Handelskammer a vun der UEL seet, datt zu Lëtzebuerg villes um Spill steet, wann een - wéi Lëtzebuerg - un en héijen Train de Vie gewinnt ass.

D'Patronat ass dann och net begeeschtert, datt den Ament alles op d'Tripartite an den nächste Woche gesat gëtt; eng Diskussioun an der Ëffentlechkeet iwwert d'Kris bléich aus. Dobäi wier d'Kris reell, si wier zwar nach net richteg ukomm, ma dat, wat se mat sech génge bréng, dat hätt sech gewäsch.

De Käschtepunkt vun der Kris chiffréiert de Michel Wurth bis 2014 op 6 Milliarden Euro all Joer. Een anere Wirtschaftsfacteur: 40.000 Aarbechtsplazen, déi entweder net geschafe respektiv ofgebaut ginn.

An dann d'Kompetitivitéit: Et héiert sech wéi eng al Leier un vum Patronat, mee d'Economiste kommen zu der Iwwerzeegung, datt deen ale Kontinent verluer huet vis-à-vis vum Rescht vun der Welt. D'Strategie vu Lissabon huet näischt bruecht ...

Iwwert Ausweeër aus dëser krokeleger Situatioun fir onst Land diskutéiere mir mam Michel Wurth. Dee schwätzt vun engem neie Sozialpakt: D'Land wier forcéiert, sech eens ze ginn, am anere Fall géing d'Staatsschold bannent 5 Joer 100.000 Euro pro Awunner ausmaachen.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren.