Regierung, Patronat a Gewerkschaften
Virun 10 Deeg souz d'Regierung mat Patronat a Gewerkschaften zesummen ...
Déi dräi Sozialpartner wëlle méi enk zesummeschaffen, fir dem Land nei Impulser op wirtschaftlechem Plang ze ginn, zum Beispill gëtt et e Partenariat, fir 5.000 Leit aus dem Chômage erauszehuelen.
Wat sinn déi grouss Erausfuerderungen fir d'Economie, wat sinn déi grouss Ploe vum Patronat?
Dat hu mir e Samschdeg e Patronatsvertrieder gefrot an eiser Emissioun Background am Gespréich mam Jean-Jacques Rommes vun der UEL.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).