De Fleegesecteur am Mëttelpunkt
De President vun der COPAS, dem Daachverband hei am Land vun de Prestataire vu Soins an Hëllef ass den Invité e Samschdeg.
2015 ass een decisiv Joer fir de Fleegesecteur, dat sot de Marc Fischbach, de President vun der COPAS, dem Daachverband vun allen Hëllefs- a Fleegezerwisser hei zu Lëtzebuerg, an eiser Emissioun Background am Gespréich.
Een decisiv Joer, well d'Weichen am gaange si gestallt ze ginn, fir d'Fleegeversécherung ze reforméieren, déi soss an zwee Joer an ee strukturellen Defizit geréit.
Fir de Marc Fischbach muss déi Reform, op de Kritäre vu Qualitéit a Präventioun baséieren.
Fir datt déi individuell Besoinen esou präzis ewéi méiglech kënnen evaluéiert ginn, esou de Marc Fischbach, missten d'Prestataire vun de Leeschtungen éischter ewéi bis elo mat agebonne ginn. Fir d'COPAS sollen an d'Zukunft d'Akte vun der Fleeg och net méi eenzel verrechent ginn, mä et solle Forfaiten opgesat ginn, déi op de Mënsch zou geschnidde sinn, deen d'Fleeg brauch.
An de Verhandelunge mam zoustännege Minister Romain Schneider, däerfen et dem President vun der COPAS no, keng Tabue ginn, et misst och kënnen iwwer eng eventuell Hausse vun de Cotisatioune geschwat ginn. Déi Diskussioune misste sech awer ëmmer no der Suerg vum Erhalen oder nach der Verbesserung vun der Qualitéit vun de Leeschtungen orientéieren.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).