13. Mäerz 2010: Josy Lorent a Romain Hilgert

© Eric Steichen
Invitéeën am "Background am Gespréich" sinn de Samschdeg, 13. Mäerz déi 2 bekannte Lëtzebuerger Journaliste Josy Lorent a Romain Hilgert.
Den nächste Mëttwoch de Mueren ëm Véirel op 9 ass den éischte grousse Rendezvous vun der Nationaler Tripartite ... eng Tripartite, déi – esou kéint een op alle Fall mengen – d'Léisung zu alle Problemer brénge soll.
Ass dat ze vill däers Gudde fir d'Dräierronn vu Regierung, Patronat a Gewerkschaften? Wéi eng Zukunft huet dat Kriseninstrument iwwerhaapt a wéi huet et an der Vergaangenheet fonctionnéiert?
Doriwwer schwätze mer dëse Samschdeg tëscht Mëtteg an halwer 1 an der Emissioun "Background am Gespréich" mat de chevronnéierte Journaliste Romain Hilgert vum 'Lëtzebuerger Land' a Josy Lorent vum 'Lëtzebuerger Wort'.
De Romain Hilgert ass Chefredakter vun der Wochenzeitung "Lëtzebuerger Land", de Josy Lorent gehéiert zu den experimentéiertste Journaliste vum "Luxemburger Wort".
Mat hinnen ënnerhält sech de Robi Sinner.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren.