Invitéë waren ee vun de Grënnungsmember, de Romain Kremer, an eng Benevole, d'Josiane Moes-Dôme, déi iwwert hir Erfahrungen um Terrain schwätzt.

D'"Association Luxembourgeoise des Visiteurs de Prison" zielt den Ament 50 Member, déi sech als Benevolen asetzen, fir de Prisonnéier vu Schraasseg hire Prisongsalldag ze beräicheren, andeems se hinnen nolauschteren, mat hinne schwätzen a fir se do sinn.

Wat d'ALVP soss nach fir d'Leit am Prisong mécht, firwat se fir déi esou wichteg ass, a wat se schlussendlech och onser Gesellschaft bréngt.

Doriwwer  hu mer dëse Samschdeg an onser Emissioun Background am Gespréich geschwat.

AUDIO: Background am Gespréich mat Vertrieder vun der ALVP.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).