Iwwert déi nei Verfassung
An 12 Woche ass de Verfassungs-Referendum, ee Mount virdrun fänkt déi offiziell Campagne un.
Am Background am Gespréich gouf iwwert déi nei Verfassung fir Lëtzebuerg diskutéiert ... dat nodeems dës Woch d'Institutiounekommissioun an der Chamber hir Aarbecht virleefeg ofgeschloss huet an eng zweet Versioun vun der neier Constitutioun um Dësch läit.
Et ass deels kontrovers diskutéiert ginn tëscht eisen 3 Invitéen, dem LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry, deen
och President vun der parlamentarescher Institutiounekommissioun ass, dem CSV-Fraktiounspresident Claude Wiseler an dem Luc Heuschling, Professer op der Uni Lëtzebuerg a Verfassungsexpert. Senger Meenung no wieren d'Diskussioune bis ewell net ëffentlech genuch gewiescht an de Bierger hätt bis ewell net kënne matschwätzen.
De 7. Juni kréien d'Wieler elo 3 Froe gestallt. D'LSAP wëll d'Campagne notze fir allgemeng iwwert d'Verfassung ze schwätzen. D'CSV wëll éischter just déi 3 Froen thematiséieren – duerno wär fir de Rescht nach Zäit – a wëll sech nach net festleeën, wéi si sech da positionéiert, wann d'Wieler am Referendum 3mol „Jo“ soen, sou de Claude Wiseler.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).