Invitéë waren de Fernand Etgen, d'Bauerenzentral, de President vun de Jongbaueren a Jongwënzer an e Vertrieder vun der Plattform "Meng Landwirtschaft".

De Landwirtschaftsministère ass amgaang dat neit Agrargesetz ze finaliséieren. Den Text soll Mëtt Abrëll lo fäerdeg sinn, fir datt en da virun der Summervakanz an der Chamber gestëmmt ka ginn, dat sot de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen e Samschdeg de Mëtteg an eiser Emissioun Background wou d'Landwirtschaft am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen tëscht dem Minister, Vertrieder vun der Landwirtschaft an der Associatioun "Natur & Ëmwelt" stoung.

Diskutéiert gouf iwwert déi grouss Ausriichtungen vun der Landwirtschaftspolitik, an d'Weeër wéi  Ëmweltschutz an d'landwirtschaftlech Produktioun ënnert een Hutt bruecht ginn. Datt d'Landwirtschaft ëmdenke muss, do ware sech d'Acteuren am Studio eens. Beim Wee dohinner ginn d'Meenungen nach auserneen.

De President vun de Jongbaueren a Jongwënzer Jeff Boonen ass duerchaus gewëllt en aneren Wee anzeschloen, huet awer och viru schlechten Entwécklunge gewarnt.

AUDIO: De Jeff Boonen

Bedenken kommen och vun der Bauerenzentral. De President Marc Fisch huet ze bedenke ginn, dass vill ze vill zoubetonéiert gëtt, an do misst déi ganz Gesellschaft mat hëllefen ëmdenken.

AUDIO: De Marc Fisch

Fir de Raymond Aendekerk vun Natur&Ëmwelt déi fir eng aner, méi eng nohalteg Landwirtschaft plädéieren, wiere sou vill Importer vu Soja z.B. guer net néideg. Et géif méi importéiert ginn, wéi es iwwerhaapt gebraucht gëtt. Do wier een immens ineffizient.

AUDIO: De Raymond Aendekerk
AUDIO: Background am Gespréich vum 21. Mäerz 2015

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).