D'kathoulesch Kierch huet nom Erny Gillen mam Léo Wagener en neie Generalvikar un hirer Spëtzt.

D'Ëmsetze vun den neien Conventiounen tëscht Staat a Kierche an d'Ausriichtung vum Wäerteunterricht: 2 Dossieren, déi dem Generalvikar d'Liewen net méi einfach maachen. Wéi stellt sech d'kathoulesch Kierch fir déi nächst Joerzéngten op a wéi ginn déi Gleeweg méi aktiv wéi bis ewell an d'Par-Aktivitéiten agebonnen?

Alles dat hu mer de Generalvikar Léo Wagener gefrot – hie war um Samschdeg eisen Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".

AUDIO: 28/03/2015 Background Léo Wagener

De Generalvikar vun der kathoulescher Kierch ass enttäuscht iwwert d'Qualitéit vun der Debatt, déi den Ament iwwert den Inhalt vum Wäerteunterrecht gefouert gëtt.

Reliounsenseignantë veronséchert

Wéi de Léo Wagener e Samschdeg de Mëtteg an eiser Emissioun Background am Gespréich sot, dierft ee keng Doutten hunn, datt fréier Reliounsenseignanten deen neien "cours unique" net géife mat der néideger Neutralitéit enseignéieren.

Dës Enseignantë wieren fir den Ament veronséchert, wat hir Zukunft ugeet, si missten eng regelrecht "Traueraarbecht" iwwert hire fréieren Beruff maachen.

"Erzählgemeinschaft"

D'kathoulesch Kierch konzentréiert sech dem Generalvikar no an Zukunft op drop, fir e Konzept vun "catechèse en paroisse" z'entweckelen. Hei sollen net nëmme Kanner, mä och Jonker, Koppelen a soss Gleeweger ugeschwat ginn, fir dës Aféierung an de Glawe matzemaachen. Op kee Fall soll dëst als Indoktrinatioun gesi ginn, mä als Offer, als sougenannt "Erzählgemeinschaft".

Privatbeamten a Präishausse

D'Paschtéier an aner Salariéen, déi de Bistum an Zukunft astellt, gi Privatbeamten, déi iwwert e Fong bezuelt ginn, dee bis den Hierscht soll via eng Bistums-Fondatioun fonctionnéieren.

De Generalvikar ka sech iwwerdeem virstellen, datt d'Tariffer vu kierchleche Servicer wéi engem Begriefnes oder Bestietnis an Zukunft wäerte méi deier ginn.

40 dynamesch Paren

Ronn 40 Pare sollen et an Zukunft nach am Land ginn, dynamesch Communautéiten, wou eng engagéiert Kierch gelieft gëtt, sou de Léo Wagener.

Op deem Niveau sollen d'Leit och agebonnen ginn, wat d'Gestioun vun de Par-Finanzen ugeet, dat a sougenannten Verméigens-Verwaltungsréit.

Neie Fong net zentralistesch

D'Gestioun vum neie Fong, wou déi 285 Kierchefabriken dran opginn, soll iwwerdeem net zentralistesch geschéien.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).