"Gewalt an eiser Gesellschaft", dat war dëse Samschdeg de Sujet vun engem Background Spezial.

D’Fäll vu Gewalt respektiv Déifställ mat Gewalt a Rebellioun géintiwwer der Police sinn 2014 weider eropgaangen, ëmmer rëm kënnt et och zu Aggressioune géintiwwer dem Personal vum ëffentlechen Transport, regelméisseg gi Leit op oppener Strooss brutal iwwerfall. Och an der Schoul, tëscht deene Jonken, gehéiert d'Gewalt zum Alldag.

Wéi gëtt präventiv mat hinne geschafft a wéi gesäit d'Hëllef fir d'Affer vu Gewaltdelikter aus?

Temoignagë vu Betraffenen a Reaktioune vun ënnert anerem der Police, engem Anti-Gewalt-Coach, der Bunn, engem Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg an enger Psychologin goufen et e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich tëscht 12 an 1 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.

AUDIO: Background am Gespréich Spezial ronderëm d'Gewalt.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).

--> De Background Spezial gëtt net am Video iwwerdroen!