20. Mäerz 2010: Georges M. Lentz jr. vu Bofferding

Invité am "Background" ass dës Woch de Georges M. Lentz jr. Mam Administrateur délégué vu Bofferding schwätze mer natierlech och iwwert Dikrecher ...
E Mëttwoch, 17. Mäerz koum d’Nouvelle, dass d’Dikrecher Brauerei weider lieft. Doriwwer geet e Samschdeg Rieds an der Émissioun Background am Gespréich, an där den Administrateur délégué vun der Bofferdings-Brauerei Invité ass.
Mam Georges M. Lentz jr schwätze mer ë.a. iwwert d’Offer vu Bofferding, fir Dikrech z’iwwerhuelen, d’Auswierkunge vum Weiderbestoe vun Dikrech op de Lëtzebuerger Marché, awer och iwwert den Ufank vun der Tripartite an d’Ausweeër aus der Kris.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren.
En Extrait vum Georges M. Lentz jr. aus dem Background