De Michel Wolter war dëse Samschdeg den Invité vum Background am Gespréich.

Als fréieren Inneminister gëllt de Michel Wolter als de Papp vun der moderner Landesplanung. Hien war eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich: wou gesäit hien d'Landesplanung haut? Et geet awer och ëm de Logement zu Lëtzebuerg, d'Finanz- a Wirtschaftspolitik vun der Regierung an et geet och ëm de Referendum.

AUDIO: Background mam Michel Wolter

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).