National Filmindustrie
Den Direkter vum Filmfong war dëse Samschdeg den Invité vum Background am Gespréich.
Ëm déi national Filmindustrie goung et e Samschdeg am Background am Gespréich. Et ass ee Secteur, dee sech am Laf vun de leschte 25 Joer signifikativ weiderentwéckelt huet.
Lëtzebuerger Co-Produktioune gi regelméisseg fir international Filmpräisser nominéiert an ëmmer nees gi Präisser gewonnen.
Mam Direkter vum Filmfong, Guy Daleiden, hu mer dëse Samschdeg de Bilan gezunn a gekuckt, wat d'Gewiicht vum Filmsecteur an der nationaler Economie ass. Mir sinn och op Problemer a Chancë vum Secteur agaangen.
Ouni eng staatlech Ënnerstëtzung kann d'Filmbranche weder hei am Land nach an Europa iwwerliewen, dat war an eiser Emissioun Background am Gespréich ee vun de Constate vum Direkter vum nationale Filmfong Guy Daleiden.
Am Virfeld vum Festival vu Cannes an déck zwou Wochen ass et de Samschdeg an der Haaptsaach ëm de Filmsecteur gaangen, dee sech am Laf vun de leschte 25 Joer professionaliséiert a sech International eng gutt Renomée opgebaut huet. Nieft senger Aarbecht am Filmfong ass de Guy Daleiden an der DP engagéiert: Am Hibléck op de 7. Juni war et vun him e klore Jo fir déi 3 Referendumsfroen.
Wat déi iwwer d'Awunnerwahlrecht ugeet, sot de Guy Daleiden, hie kéint d'Ängscht vun de Géigner net no voll zéien.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).