Auslännerwalrecht, Steierreform a Politik vun der Regierung
Den ADR-Politiker Gast Gibéryen war eisen Invité am Background am Gespréich.
Wéi geet et senger Partei? Wou positionéiert déi sech den Ament? Dat war Froen un den Deputéierten, deen zanter geschwënn 26 Joer – ouni Ënnerbriechung – an der Chamber sëtzt. Auslännerwahlrecht, Steierreform an d'Politik vun der aktueller Regierung, 3 Deeg virum Etat de la Nation si weider Sujeten, déi mer mam Gast Gibéryen diskutéiert ginn.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).