Iwwert de Referendum
A ronn 4 Woche geet et ëm 3 Froen. Eng polemiséiert besonnesch. D'Fro vum Auslännerwahlrecht. Do ass d'Tendenz den Ament Richtung Nee am Gaangen ...
An der Emissioun Background am Gespréich vun dësem Samschdeg proposéiere mir eng Table-Ronde mat 4 Invitéen.
Fir de Jo: den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry an de fréieren OGBL-Chef a Member vun der Plattform MINTE Jean-Claude Reding.
Fir den Nee: den CSV-Parteichef Marc Spautz an de Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff.
Background am Gespréich dëse Samschdeg wéi gewinnt tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Radio-Rubrik "Background" (bei "Emissiounen" einfach no "Background" sichen).