Educatiounsministère a Proffegewerkschaften
De President vun der Proffegewerkschaft war eisen Invité am Background am Gespréich.
Se hate keen einfache Start mateneen. Den Educatiounsministère an d'Proffegewerkschaften. E Méindeg virun enger Woch gouf ee sech op der Conciliatioun eens ma nach ass den Accord net an dréchenen Dicher? Wéi steet et ëm de Klima tëscht Proffen a Ministère? Wou ass d'Lycéesreform iwwerhaapt drun an déi vun der Formation professionelle? Wat klappt, wat klappt net am Secondaire a wat ass vun der School-Leaks-Affaire zeréckzebehalen. Ënnert anerem dorëms goung et dëse Samschdeg an eiser Emissioun Background am Gespréich.
Invité war de President vun der Proffegewerkschaft Apess, den Daniel Reding.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).