Spezial Referendum
De Background steet am Zeeche vun den zwou Referendumsfroen iwwert d’Limitatioun vun de Ministermandater an dem Erofsetze vum Walhrecht op 16 Joer.
Et diskutéieren noeneen zu de respektive Sujeten:
Fir d’CSV Marc Spautz a Laurent Zeimet,
fir déi Gréng d’Françoise Folmer an d’Gina Arvay,
d’ADR-Politiker Gast Gibéryen an Alex Penning,
fir d’LSAP de Claude Haagen,
a vun der DP den Eugène Berger.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).